Von RTL und rtl.lu vom 30. Oktober 2015

Hesper eng Gemeng am WandelD'Buch 'Hesper, eng Gemeng am Wandel' ass an der Kategorie 'Beau-Livre' nominéiert. Hesper ass e gutt Beispill fir eng rasant urban Entwécklung a Verännerung. Bei de Recherchen fir d'Buch goufen eng ganz Rei Schätz a Form vun alen Dokumenter a Fotoen gebuergen. E Reportage vum Coryse Ludowicy.

An der Hand hunn ech ee grousst, schéint Buch mat ville Fotoen an historeschen Rapporten, verdeelt op 260 Säiten. Den Editeur Gerard Klopp ass un d'Gemeng Hesper an hier Geschichtsfrënn erugetrueden, de Roland Schumacher, President vun den Hesper Geschichtsfrënn.

D'Gemeng am Wandel ass a 6 gréisser Kapitelen opgedeelt. D'Ugangskapitel handelt vun der Populatioun vun Hesper, geschriwwen vum Paul Kridel mat enger ganzer Rei Statistiken. Hesper ass mat bal 15'000 Awunner ëmmerhinn déi 7. gréisst Gemeng am Land. Deen zweeten, groussen historeschen Deel geet a franséischer Sprooch iwwer d'Hesper Buerg.

An engem weider Kapitel fënnt ee Fotoen vun der Kultur, der Natur an der Architektur aus der Hesper Gemeng vun de Gewënner vun engem Concours deen emol eng Kéier an d'Liewe geruff gi war. Et kritt een och Detailer iwwert déi nei Bréck am Zentrum.

Fir esou e Wierk op d'Been ze stellen brauch ee vill Zäit a Gedold. Et huet Méint a Joren gedauert bis se d'Material zesummen haten.

'Hesper, eng Gemeng am Wandel' ass mat vill Léift zu Detail entstan a bestëmmt net nëmmen eppes fir déi Leit déi do wunnen.


Hei ass d'MP3-Datei mam ganzen Interwiew:

 


 rtl.lu vom 30.10.2015

Aus dem Wort vom 21. September 2015

LW 2015 09 21 S 20

rtl 2015 08 13

Von RTL und rtl.lu vom 13. August 2015

 

"Och haut presentéiere mir Iech een neit Schlass aus eisem Land. D'Laura Hoffmann war bis op Hesper kucken an huet erausfonnt dass och do Iwwerreschter vun engem Schlass ginn."

 

Lauschtert de ganze Reportage:

 

rtl.lu vom 13.8.2015

Aus dem Wort vom 22. Mai 2015

LW 2015 05 22 S 22

mehr Fotos auf Wort.lu