logoneuLéif Frënn vun der Hesper Geschicht,

wéinst dem Corona-Virus musse mir eis Generalversammlung, déi mir fir den 21. Abrëll geplangt haten, verleeën, vläit esouguer dëst Joer ganz fale loossen. A kuerze Wieder da just, wat 2019-20 ustoung:

 

  • Aktivitéitsbericht: Haaptsächlech eist neit Buch zum 25. Anniversaire (Geschichte der Gemeinde Hesperingen Bd. 4), dat mir mat der Gemeng realiséiert hunn (do an der Receptioun ze kréien)
  • Keess: 241,94 Euro Boni vum Geschäftsjoer 2019 (béid Keesereviseuren hu signéiert)
  • Cotisatioun: bleift bei 10 Euro fir d’Joer 2020
  • Comité: De Georges Beck, Laurent Blum, Jérôme Britz, Sven Fournelle, Roby Jomé, Laurent Lamesch, Gilbert Linster, Nathalie Marx, Christian Pettinger, Victor Rod, Roland Schumacher, Monique Schummers, René Siebenaler an de Paul Wagener bleiwen derbäi. De Camille Thill hält altersbedéngt op an nei an de Comité kéim dann de Gil Roden vun Hesper. Wann et Objektioune sollt ginn, da mellt Iech w.e.g. (dëst Joer ware Comitéswale virgesinn).

 

  • Nächst Aktivitéiten: Mataarbecht um Jubiläumsbuch „100 Joer a méi“ vum F. C. SWIFT Hesper, Hesper am Krich (Bommenugrëff Houwald, Accident bei der Wolleffsmillen) an Archiv-Aarbechten

 

 

Ee grousse Merci un Iech all fir déi Ënnerstëtzung, déi Dir eis am vergaangene Joer entgéintbruecht hutt.

Mir wiere frou, wann Dir géift d’Cotisatioun (10 Euro) fir d’Joer 2020 op de Postscheckkonto

CCPL IBAN LU84 1111 0300 6592 0000

vun den Hesper Geschichtsfrënn iwwerweise.

Wann dat scho geschitt ass, soe mir Iech heimadder villmools Merci.

Mir soen Iech och Merci fir Ären Interêt un eiser Aarbecht an hoffe gemeinsam mat Iech, datt de Corona-Virus geschwënn iwwerstanen ass.